Freelance bei der Eltereschoul - Spillplaz

 

D'Fondatioun Kannerschlass/Eltereschoul  sicht: 

motivéiert Leit, mat enger Ausbildung an engem sozio-edukativen, pedagogëschen oder soziale  Beräich 

 

fir de Projet:  Eltereschoul Dobaussen - Op der Spillplaz 

D’Eltereschoul Janusz Korczak ass ee Service vun der Fondatioun Kannerschlass, deen et zanter 2002 gëtt. Mir hunn als Objektiv Eltere präventiv an der Erzéiung vun hire Kanner z’ënnerstëtzen an ze begleeden. Mir adresséieren eis un ALL Elteren, déi aner Eltere kënne léiere wëllen, sech mat hinnen austauschen an/oder sech iwwert erzéiungsspezifesch Theme wëllen informéieren.

Fir eis Offer durch d‘ganzt Land den Elteren ubidden ze kënnen, si mir op d‘Hëllef vun externe Mataarbechter ugewisen.

De Projet: Eltereschoul Dobaussen

Eise Motto ass, d'Elteren do opzesichen, wou si d‘Gewunnecht hunn, mat hire Kanner hinzegoen. Säit 2021 gi mir am Kader vun eisem Projet „Eltereschoul Dobaussenop d’Spillplazen hei am Land fir mat Elteren iwwert allgemeng Theemen zur Erzéiung, Froen oder Suergen dozou, ze schwätzen. En änleche Projet hu mer och an de Maison Relaisen hei am Land.

 

An dësem Kader siche mir motivéiert Leit, mat enger Ausbildung an engem sozio-edukativen, pedagogëschen oder soziale  Beräich, fir eis an dëse Projeten ze hëllefen.

Dir gitt als Freelance pro Aktivitéit bezuelt no engem festgeluechten Tarif.  

 

Interesséiert matzemaachen?

Fir weider Informatioune mëllt Iech mat enger Mail op: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser..

Dir fannt och all eis Offeren an Aktivitéiten am Detail ënnert: https://www.kannerschlass.lu/fr/nos-services/eltereschoul

 

Vous voulez nous aider

VOULEZ-VOUS VOUS ASSOCIER A LA REALISATION DE PROJETS AMBITIEUX.

En savoir plus
Don't have an account yet? Register Now!

Sign in to your account

Les cookies nous permettent plus facilement de vous proposer des services. En utilisant nos services, vous nous autorisez à utiliser des cookies.