Sekretär(In)/Receptionnist(In)

 

D'FONDATION KANNERSCHLASS rekrutéiert :

ee (eng) Sekretär(in) / Receptionnist(in)

fir hire Service Ambulatoire Kannerschlass

CDI 20 - 40 Stonnen/Woch

 

Aufgabegebitt

  • Dir ënnerstëtzt d’Chargée de direction an der Gestioun vum Service
  • Dir sidd en Charge vun alle Sekretariats- a Receptiounsaarbechten
  • Dir geréiert déi gesamt professionell Korrespondenz
  • Dir këmmert Iech ëm d‘Klassement an den Archivage vun Dokumenter
  • Dir sidd fir d’Bestellung vu Material zoustänneg

 

Erfuerdert Qualifikatiounen

  • Dir hutt eng laangjäreg Erfarung am Sekretariatswiesen
  • Dir schwätzt a schreift fléissend déi dräi Landessproochen
  • Dir beherrscht déi gängeg Bürouwendungen (Office, Outlook, Internet, …)
  • Dir schafft esouwuel autonom ewéi an enger Equipe
  • Dir sidd diskret, flexibel an hutt e gudde Kontakt zu anere Mënschen
  • Dir hutt e Sënn fir Organisatioun a fir Verantwortung

 

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.

 Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 28 Februar 2020 un d’Mail-Adress:  Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

 

 

 

Vous voulez nous aider

VOULEZ-VOUS VOUS ASSOCIER A LA REALISATION DE PROJETS AMBITIEUX.

En savoir plus
Don't have an account yet? Register Now!

Sign in to your account

Les cookies nous permettent plus facilement de vous proposer des services. En utilisant nos services, vous nous autorisez à utiliser des cookies.