Éducateur diplômé (m/f/d) Foyer Rio
D'FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :
en Erzéier (m/f/d)
CDI 30 Stonnen/Woch
Referenz: RIO-EDU-01
_______________________________
Dëse Poste betrëfft de Foyer RIO zu Bartreng, eng stationär Ariichtung fir 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am Alldag ze encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefsstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.
Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer, déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.
Missiounen
• aktiv Participatioun um Alldaagsliewen am Foyer
• individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer
• aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Ekipp an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner
Noutwenneg Kompetenzen
• Diplom vum Éducateur diplômé
• Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Ekipp ze schaffen
• Bereetschaft op Schichten ze schaffen
• Beherrsche vun der lëtzebuergerscher oder der däitscher Sprooch, all weider Sprooch ass vu Virdeel
• Fürerschäi B
• Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.
D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.
Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 11. Januar 2025 mat der Referenz RIO-EDU-01 un d’Mailadress: