Éducateur diplômé (m/f/d) Kannerhaus Tikkun
D' FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert:
en Erzéier (m/f/d)
CDI, 35 Stonnen/Woch
Réf. : KT-ED-01
___________________________________
Dëse Poste betrëfft eist Kannerhaus Tikkun zu Kayl, ee psychotherapeutescht Internat fir 6 Kanner tëscht 6 an 12 Joer. Hei gëtt wärend der Woch, vu sonndes owes bis freides owes, eng Betreiung ugebuede fir Kanner mat emotionale Schwieregkeeten a Verhalensopfällegkeeten.
D’Kannerhaus Tikkun ass eng Wunnstruktur vun eisem Centre thérapeutique La Passerelle, wou d’Kanner daagsiwwer betreit ginn. Een Dag an der Woch ginn d’Kanner an d‘Primärschoul zu Kayl integréiert. Et besteet eng enk Zesummenaarbecht tëscht den Ekippe vum Kannerhaus Tikkun an der La Passerelle.
Missiounen
• Am Kannerhaus Tikkun gëtt de Kanner eng Alldagsbegleedung vun den Erzéier ugebueden
• All Kand huet ee Referenzerzéier innerhalb vun der Ekipp, deen d’Entwécklung vum Kand verfollegt a mat der Famill vum Kand a Kontakt steet .
• Den Erzéier passt den Dagesoflaf un de Kanner hir Bedürfnisser un a bleift opmierksam wat d’Entwécklung vun de Kanner betrëfft.
• Den Erzéier schafft enk mat der Ekipp vum Tikkun a mat der Ekipp vun der La Passerelle zesummen a steet am stännegen Austausch mat hinnen.
• An der wéchentlecher Teamversammlung bericht den Erzéier iwwert säi Referenzkand an hëlt reegelméisseg u Bilansgespréicher mat de Familljen deel.
• Den Erzéier gëtt der Famill e Wochefeedback an ass d’Uspriechpersoun vun der Famill.
Noutwenneg Kompetenzen
• Diplom vum Éducateur diplômé
• Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Ekipp ze schaffen
• Eng berufflech Erfarung mat Kanner mat psychesche Problemer an theoretesch Kenntnisser an dësem Beräich oder d‘Bereetschaft sech an deem Beräich weiderzebilden, sinn noutwenneg
• Fäegkeet Situatiounen ze analyséieren an ze reflektéieren
• Bereetschaft op Schichten ze schaffen
• Beherrsche vun der lëtzebuergescher oder der däitscher Sprooch, all weider Sprooch ass vu Virdeel
• Fürerschäi B
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.
D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.
Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 11. Januar 2025 mat der Referenz KT-ED-01 un d’Mailadress: