D'FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert:
Psycholog (m/f/d)
fir hire Centre Thérapeutique « La Passerelle » zu Zolwer
CDI 20 Stonnen/Woch
Referenz: CT-PSY
Dëse Poste betrëfft eise Centre thérapeutique zu Zolwer. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am Alldag z‘encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefsstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.
Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer, déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.
Aufgabeberäich
- Dir assuréiert den individuelle familiäre Suivi vu Kanner aus dem Centre Thérapeutique
- Dir schafft enk mat der multi-professioneller Ekipp aus dem Centre Thérapeutique zesummen
Erfuerdert Qualifikatiounen
- Dir hutt e 5-järegen universitäre Psychologie-Studium absolvéiert
- Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Ekipp ze schaffen
- Dir schwätzt a schreift fléissend déi dräi Landessproochen
- Eng berufflech Erfarung an/oder Zousazausbildung an dësem Beräich ass vu Virdeel
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.
D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.
Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 11. Januar 2025 mat der Referenz CT-PSY un d’Mailadress: