Erzéier (m/f/d) Springer fir d'structures d'accueil
D'FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :
e puer Erzéier (m/f/d)
CDI 20-40 Stonnen/Woch
Referenz: SA-ED-SP
Dës Poste ginn ugebueden fir eis pädagogesch Teams am Alldag ze verstäerken. Eis Foyere betreie 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer a befanne sech zu Bieles, Rodange, Bertrange an Iwwersyren. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am Alldag ze encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefstellungen ze ginn an si an hirer Autonomie ze fërderen.
Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an den Servicer déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.
Missiounen
- aktiv Partizipatioun um Alldaagsliewen am Foyer ;
- individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;
- aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Ekipp an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.
Noutwendeg Kompetenzen
- SA-ED-SP : Diplom vum Educateur diplômé ;
- Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Ekipp ze schaffen ;
- Bereetschaft op Schichten ze schaffen ;
- Bereetschaft als Springer an de verschiddene Foyeren ze schaffen ;
- Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
- Fürerschäin B ;
- Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel.
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.
D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.
Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens de 16. November 2024 mat der Referenz SA-ED-SP un d’e-mail Adress: