Psychotherapeut (m/f/d)
D'FONDATION KANNERSCHLASS rekrutéiert :
Fir de «Foyer DEMIAN» zu Esch Uelzecht
1 Psychotherapeut (m/f/d)
CDI 20-40 Stonnen/Woch
Referenz : SA-PSY-DEM
Dëse Poste betrëff eis stationär Ariichtung zu Esch Uelzecht. An dësem Foyer gi Jugendlecher am Alter tëschent 12 an 18 Joer opgeholl.
D’Aarbecht besteet doranner dës Jugendlech am Alldag z‘encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefsstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.
Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer, déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.
Missiounen
- aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Foyer ;
- individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;
- aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.
Noutwendeg Kompetenzen
- Diplom vum Psycholog;
- Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Equipe ze schaffen ;
- Bereetschaft op Schichten ze schaffen ;
- Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
- Fürerschäin B ;
- Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel.
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.
D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.
Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens de 27. Juli 2024 mat der Referenz SA-PSY-DEM un d’E-Mail-Adress: