Ee(eng) Sozialpädagog(in) / Gruppechef(in)
CDI 35 Stonnen/Woch
Referenz: CT-KT-CG
Fir d’therapeutescht Internat Kannerhaus Tikkun
D'Kannerhaus Tikkun zu Kayl bitt ënnert der Woch (vu sonndes owes bis freides owes) eng intensiv pädagogesch an therapeutesch Betreiung un, fir Kanner vu 6-12 Joer mat emotionalen a Verhalensschwieregkeeten.
D‘Kannerhaus Tikkun ass d’therapeutescht Internat vum Centre thérapeutique a bitt Plaz fir e Grupp vu 6 Kanner. D’Kanner ginn daagsiwwer an der Dagesstruktur La Passerelle betreit a sinn 1 Dag/Woch an der Grondschoul vu Kayl integréiert. Tëschent deenen 2 Ekippe vum Kannerhaus Tikkun an der La Passerelle gëtt et eng enk Zesummenaarbecht.
Missiounen
- aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Internat.
- individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Kannerhaus Tikkun.
- aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.
Noutwendeg Kompetenzen
- Diplom vum Educateur gradué, Educateur spécialisé oder Bachelor en sciences sociales et éducatives.
- Berufserfarung mat Kanner mat emotionalen an psychesche Stéierungen esou wéi och theoretescht Wëssen an dësem Beräich an/oder d’Bereetschaft sech heira weiderzebilden.
- eng Facilitéit an der Aaarbecht an enger multidisziplinärer Ekipp an a Kannergruppen hunn
- Bereetschaft op Schichten ze schaffen .
- Beherrsche vun den 3 Landessproochen.
- Fürerschäin B.
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire. D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.
Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens de 25.03.2023 mat der Referenz CT-KT-CG un d’Email Adress: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.