Ee Sozialpädagog / Gruppechef (m/f/d) Foyer RIO

 

D’FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :

Ee Sozialpädagog / Gruppechef (m/f/d)

CDI 40 Stonnen/Woch

Referenz: SA-CDG-RIO

Dëse Posten gëtt ugebueden am Kader vun eiser stationärer Ariichtung zu Bartreng. Am Foyer wunne 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am  Alldag z‘encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.

Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer, déi am Projet vum Kand involvéiert sinn. 

De Gruppechef ass zousätzlech fir d’Leedung vu senger Ekipp an déi spezifesch administrativ Aufgaben am Foyer verantwortlech.

 

Missiounen

  • Leedung an Encadrement vun der Ekipp, dëst am regelméissegen Austausch mat senge Virgesetzten
  • aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Foyer ;
  • individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;
  • aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Ekipp an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.

 

Noutwendeg Kompetenzen

  • Diplom vum Educateur gradué, Educateur spécialisé oder Bachelor en sciences sociales et éducatives ;
  • Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Ekipp ze schaffen ;
  • Bereetschaft op Schichten ze schaffen ;
  • Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
  • Fürerschäin B ;
  • Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel.

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 22. November 2024 mat der Referenz SA-CDG-RIO un d’Mailadress: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.  

Vous voulez nous aider

VOULEZ-VOUS VOUS ASSOCIER A LA REALISATION DE PROJETS AMBITIEUX.

En savoir plus

Nous utilisons des cookies sur notre site web. Certains d’entre eux sont essentiels au fonctionnement du site et d’autres nous aident à améliorer ce site et l’expérience utilisateur (cookies traceurs). Vous pouvez décider vous-même si vous autorisez ou non ces cookies. Merci de noter que, si vous les rejetez, vous risquez de ne pas pouvoir utiliser l’ensemble des fonctionnalités du site.