Personal fir eng nei stationär Ariichtung zu Bartreng
D'FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert:
- en(g) Sozialpädagog(in) / Gruppechef(fin)
CDI 40 Stonnen/Woch
Referenz: SA-BE-EG
- e puer Erzéier(innen)
CDI 30 Stonnen/Woch
Referenz: SA-BE-ED
Dës Posten ginn ugebueden am Kader vun der Ouverture vun enger neier stationärer Ariichtung zu Bartreng. Den neie Foyer wäert 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer ophuelen.
D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am Alldag ze encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.
Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.
Missiounen
- aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Foyer ;
- individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;
- aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.
Noutwendeg Kompetenzen
- SA-BE-EG : Diplom vum Educateur gradué, Educateur spécialisé oder Bachelor en sciences sociales et éducatives ;
- SA-BE-ED : Diplom vum Educateur diplômé ;
- Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Equipe ze schaffen ;
- Bereetschaft op Schichten ze schaffen ;
- Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
- Fürerschäin B ;
- Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel.
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.
D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.
Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens de 4. Februar 2023 mat der Referenz
SA-BE-EG oder SA-BE-ED un d’Email Adress: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.