Erzéier(inne) Stationär Ariichtungen
D'FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :
- e puer Erzéier (m/f/d)
CDI 20 Stonnen/Woch
Referenz: SA-CA-ED
Dës Poste ginn ugebueden am Kader vun der Ouverture vun neie stationären Ariichtungen.
Dës nei Foyere wäerte 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer ophuelen. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am Alldag z‘encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.
Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.
Missiounen
- aktiv Partizipatioun um Alldaagsliewen am Foyer ;
- individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;
- aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.
Noutwendeg Kompetenzen
- SA-CA-ED : Diplom vum Educateur diplômé ;
- Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Equipe ze schaffen ;
- Bereetschaft op Schichten ze schaffen ;
- Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
- Fürerschäin B ;
- Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel.
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.
D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.
Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer mat der Referenz SA-CA-ED un d’Mailadress: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.