Educateur(trice) gradué(e) Centre socio-thérapeutique

 

D'FONDATIOUN KANNERSCHLASS   rekrutéiert :

 

Een (eng) Educateur (trice) gradué(e)

CDI, 30 - 35 Stonnen/Woch

Referenz: CST-EG-03

De Poste betrëfft de Centre socio-thérapeutique „PASSO“ zu Lëtzebuerg-Cents, wou 6 Kanner tëschent 6 an 12 Joer daagsiwwer encadréiert ginn. Dës Kanner kënnen aus ënnerscheedleche Grënn temporär net an hire Schoulklasse beschoult ginn. D’Missioun vum Centre ass d’Reintegratioun vun de betraffene Kanner an hir regional Schoulen.

Missiounen

  • aktiv Participatioun um Alldagsliewe vum Centre ;
  • aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.

 

Noutwendeg Kompetenzen

  • Diplom vum Educateur gradué, Bachelor en sciences sociales et éducatives oder Equivalent ;
  • Erfarung mat Kanner mat sozio-emotionale Verhalensschwieregkeeten ;
  • Sënn fir Organisatioun ;
  • Fäegkeet an enger pluridisziplinär Equipe ze schaffen ;
  • Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
  • Fürerschäi B.

 

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 3. September 2022 mat der Referenz
CST-EG-03 
un d’E-mail Adress: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

 

Vous voulez nous aider

VOULEZ-VOUS VOUS ASSOCIER A LA REALISATION DE PROJETS AMBITIEUX.

En savoir plus
Don't have an account yet? Register Now!

Sign in to your account

Les cookies nous permettent plus facilement de vous proposer des services. En utilisant nos services, vous nous autorisez à utiliser des cookies.