Techniker(in) am IT-Beräich 

 

 

D' FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :

 en (eng) Techniker(in) am IT-Beräich

CDI  30 – 40  Stonnen/Woch

Réf. : ADM - IT

 

Aufgabegebitt

  • Dir assistéiert d’Uwender an allen IT-Froen op de verschiddene Standuerter vun der Fondatioun
  • Dir verwalt an der Zesummenaarbecht mat eisem IT-Fournisseur a eisem Téléphonie-Ubidder d’Informatik- a Kommunikatiounssystemer vun der Fondatioun Kannerschlass
  • Dir macht de Suivi vun de Bestellungen am IT-Beräich
  • Dir installéiert a konfiguréiert d’informatescht Material (PC, Drocker, Programmer, asw.)
  • Dir bidd den Uwender intern Formatiounen am Emgang mam informateschem Material un
  • Dir sensibiliséiert d’Uwender fir d’IT-Sécherheet

 Erfuerdert Qualifikatiounen

  • Dir hutt e gudden Ëmgang mat Mënschen a kënnt nolauschteren
  • Dir hutt zolitt Kenntnisser am Beräich Betriebssystemer vu Microsoft
  • Dir verfügt iwwert e Basiswëssen am Beräich Server-Administratioun (active directory, exchange, asw.)
  • Dir kënnt souwuel aleng wéi och an enger Equipe schaffen
  • Dir sidd bereet Iech weiderzebilden
  • Dir schwätzt a schreift fléissend déi dräi Landessproochen

 

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.

 

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens de 24. Oktober 2020 mat der Referenz ADM – IT un d’Email-Adress: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

 

 

Vous voulez nous aider

VOULEZ-VOUS VOUS ASSOCIER A LA REALISATION DE PROJETS AMBITIEUX.

En savoir plus
Don't have an account yet? Register Now!

Sign in to your account

Les cookies nous permettent plus facilement de vous proposer des services. En utilisant nos services, vous nous autorisez à utiliser des cookies.