Educateur diplômé (m/f/d)

 

D‘FONDATIOUN KANNERSCHLASS   rekrutéiert :

 

Een Educateur diplômé (m/f/d)

 CDI, 30 Stonnen/Woch

Referenz: CST-EDU

De Poste betrëfft de Centre socio-thérapeutique „PASSO“ um Cents, wou 6 Kanner tëschent 6 an 12 Joer daagsiwwer encadréiert ginn. Dës Kanner kënnen aus ënnerschiddleche Grënn temporär net an hire Schoulklasse beschoult ginn. D’Missioun vum Centre ass d’Reintegratioun vun de betraffene Kanner an hir regional Schoulen.

 Missiounen

  • alldeeglech Gestioun vum Centre a vun der Ekipp ;
  • aktiv Participatioun um Alldagsliewe vum Centre ;
  • aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Ekipp an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.

 

Noutwendeg Kompetenzen

  • Diplom vum Educateur diplômé ;
  • Sënn fir Organisatioun ;
  • Erfarung mat Kanner mat sozio-emotionale Verhalensschwieregkeeten ;
  • Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
  • Fürerschäi B.

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire. D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 09.12.2023 mat der Referenz CST-EDU un d’Mailadress: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! .

Sie möchten uns helfen

MÖCHTEN SIE UNS BEI DER UMSETZUNG AMBITIONIERTER PROJEKTE UNERSTÜTZEN?

Erfahren Sie mehr
Don't have an account yet? Register Now!

Sign in to your account

Cookies erleichtern die Bereitstellung unserer Dienste. Mit der Nutzung unserer Dienste erklären Sie sich damit einverstanden, dass wir Cookies verwenden.