Freelance bei der Eltereschoul - Op der Spillplaz am Norden 

 

D'Fondatioun Kannerschlass/Eltereschoul  sicht: 

motivéiert Leit, mat enger Ausbildung an engem sozio-edukativen, pedagogëschen oder soziale  Beräich 

 fir de Projet:  Eltereschoul Dobaussen - Op der Spillplaz am Norden

D’Eltereschoul Janusz Korczak ass de präventive Service vun der Fondatioun Kannerschlass, deen et zanter 2002 gëtt. Mir hunn als Objektiv Eltere präventiv an der Erzéiung vun hire Kanner z’ënnerstëtzen an ze begleeden.

Mir adresséieren eis un ALL Elteren, déi aner Eltere kënne léiere wëllen, sech mat hinnen austauschen an/oder sech iwwert erzéiungsspezifesch Theme wëllen informéieren. 

Fir eis Offer duerch d‘ganzt Land den Elteren ubidden ze kënnen, si mir op d‘Hëllef vun externe Mataarbechter ugewisen.

De Projet: Eltereschoul Dobaussen

Eise Motto ass, d'Elteren do opzesichen, wou si d‘Gewunnecht hunn, mat hire Kanner hinzegoen. Esou gi mir säit 2021 am Kader vun eisem Projet „Eltereschoul Dobaussenop d’Spillplazen hei am Land fir mat Elteren, déi mir begéinen, wwert allgemeng Theemen zur Erzéiung ze schwätzen. 

An dësem Kader siche mir lo motivéiert Leit fir eis bei dësem  Projet ze hëllefen.

Ausbildung: sozio-edukativen, pedagogëschen oder soziale  Beräich

Asazgebitt:  Raum Ettelbréck/Dikkrech an eventuell doriwwer eraus

Bezuelung:  op Freelancebasis pro Aktivitéit no engem festgeluechten Tarif.  

 Interesséiert matzemaachen?

Fir weider Informatioune mëllt Iech mat enger Mail op: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!.

Dir fannt och all eis Offeren an Aktivitéiten am Detail ënnert: https://www.kannerschlass.lu/fr/nos-services/eltereschoul

 

Sie möchten uns helfen

MÖCHTEN SIE UNS BEI DER UMSETZUNG AMBITIONIERTER PROJEKTE UNERSTÜTZEN?

Erfahren Sie mehr
Don't have an account yet? Register Now!

Sign in to your account

Cookies erleichtern die Bereitstellung unserer Dienste. Mit der Nutzung unserer Dienste erklären Sie sich damit einverstanden, dass wir Cookies verwenden.