Freelance Coin des Parents
D'Fondatioun Kannerschlass/Eltereschoul sicht:
motivéiert Leit, mat enger Ausbildung an engem sozio-edukativen, pedagogëschen oder soziale Beräich
fir de Projet: Coin des Parents- Eltereneck an der Maison relais
D’Eltereschoul Janusz Korczak ass de Präventiouns- an Formatiounsservice vun der Fondatioun Kannerschlass. Mir hunn als Objektiv d‘Elteren an der Erzéiung vun hire Kanner z’ënnerstëtzen an ze begleeden andeems mer hinnen eng Austauschméiglechkeet iwwert d’Entwécklung vum Kand, d’Erzéiung an d’Liewen an der Famill ubidden. Fir eis Offer den Elteren durch d’ganzt Land ubidden ze kënnen, si mir op d‘Hëllef vun externe Mataarbechter ugewisen.
De Projet: Coin des Parents
De Coin des Parents ass ee Genre « Aide à la minute », dat heescht mir si präsent an enger Maison relais um Moment wou d’Elteren hir Kanner ofhuelen. Mir proposéieren hinnen dann eng ganz kuerz Aktivitéit oder hunn ee Message dobäi, a si hunn och d’Méiglechkeet Informatiounen vun eis ze kréien oder hir Froen ze stellen. Dëst ass eng Offer, déi mär schon e puer Joer ubidden, an déi eng fest Plaz a verschiddene Strukturen huet.
- Vun de Kenntnisser hir ass et wichteg, dass een zu de Grondprinzipien vun Erzéiung, Entwécklung vum Kand, Roll vun den Elteren, Situatioun vun de Familljen Stellung huele kann.
- D’Asäz sinn an der Reegel 1x/Mount/Institutioun, respektiv all 6 Wochen.
- Dir gitt als Freelance pro Aktivitéit bezuelt no engem festgeluechten Tarif.
- Lert Asazgebidd ass Esch/Uelzecht bzw. de Süde vum Land.
L'L'Ecole Interesséiert matzemaachen?
- ir weider Froen zum Projet kontaktéiert weg
d’Mme Siri Peiffer 59 59 59 -53 / 691 29 37 76 oder
d’Mme Tania Hemmer 59 59 59-51 / 691 29 37 73.
Dir fannt och all eis Offeren an Aktivitéiten am Detail ënnert: https://www.kannerschlass.lu/fr/nos-services/eltereschoul.
_______________________________________________________________________
La Fondatioun Kannerschlass/Eltereschoul recherche:
des personnes motivées avec un profil socio-éducatif, pédagogique ou social
pour le projet: Coin des Parents an der Maison relais
L'Ecole des Parents/Eltereschoul Janusz Korczak est le service de prévention et de formation de la Fondation Kannerschlass. Notre objectif est de soutenir et d'accompagner les parents dans l'éducation de leurs enfants en leur proposant une possiblité d'échanger sur le développement de l'enfant, l'éducation et la vie en famille. Pour pouvoir présenter cette offre aux parents de tout le pays, nous devons recourir à l'aide de collaborateurs externes.
Le projet: Coin des Parents
Le Coin des Parents est une «aide à la minute», ce qui veut dire que nous assurons une présence à la Maison relais au moment où les parents viennent chercher les enfants.
- Vous avez une formation dans le domaine de l'éducation ou de la pédagogie et êtes capable de prendre position par rapport à l'éducation, le développement de l'enfant, le rôle des parents, la situation des familles etc.
-
Les interventions ont lieu tous les mois ou toutes les 6 semaines.
-
Vous êtes payés comme freelance par activité selon un tarif fixe.
- Vous travaillerez à Esch/Alzette ou dans les sud du pays.
Interessé(e)?
Pour plus d'informations sur le projet, contactez svp
Mme Siri Peiffer 59 59 59 -53 / 691 29 37 76 ou
Mme Tania Hemmer 59 59 59-51 / 691 29 37 73.
Toute l'offre de l'Eltereschoul est disponible sous https://www.kannerschlass.lu/fr/nos-services/eltereschoul.