Erzéier(inne) Stationär Ariichtung Mäerzeg

 

D'FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert: 

 

e puer Erzéier(innen)

 CDI 30 Stonnen/Woch

Referenz: SA-ME-ED

 

Dës Posten ginn ugebueden am Kader vun der Ouverture vun enger neier stationärer Ariichtung zu Mäerzeg. Den neie Foyer wäert 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer ophuelen.

D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am Alldag ze encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.

Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.

Missiounen

  • aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Foyer ;
  • individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;
  • aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.

 

Noutwendeg Kompetenzen

  • Diplom vum Educateur diplômé ;
  • Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Equipe ze schaffen ;
  • Bereetschaft op Schichten ze schaffen ;
  • Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
  • Fürerschäin B ;
  • Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel.

 

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 8. Abrëll 2023 mat der Referenz  SA-ME-ED un d’Email Adress: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

 

Sie möchten uns helfen

MÖCHTEN SIE UNS BEI DER UMSETZUNG AMBITIONIERTER PROJEKTE UNERSTÜTZEN?

Erfahren Sie mehr
Don't have an account yet? Register Now!

Sign in to your account

Cookies erleichtern die Bereitstellung unserer Dienste. Mit der Nutzung unserer Dienste erklären Sie sich damit einverstanden, dass wir Cookies verwenden.