PsychologIn (CST PASSO)

 

D'FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert

 Ee (eng) Psycholog(in)

CDI 30 - 35 Stonnen/Woch

Referenz: CS-PSY-01

 

De Poste betrëfft de Centre socio-thérapeutique „PASSO“ zu Lëtzebuerg-Cents, wou 6 Kanner tëschent 6 an 12 Joer daagsiwwer encadréiert ginn. Dës Kanner kënnen aus ennerscheedleche Grënn temporär net an hire Schoulklasse beschoult ginn. D’Missioun vum Centre ass d‘Reintegratioun vun de betraffene Kanner an hir regional Schoulen.

Aufgabegebitt

  • Dir assuréiert den individuelle Suivi vu Kanner aus dem Centre socio-thérapeutique
  • Dir schafft enk mat der multi-professionneller Equipe aus dem Centre socio-thérapeutique zesummen

 Erfuerdert Qualifikatiounen

  • Dir hutt e 5-järegen universitäre Psychologie-Studium absolvéiert
  • Dir schwätzt a schreift fléissend déi dräi Landessproochen
  • Eng berufflech Erfarung an/oder Zousazausbildung an dësem Beräich ass vu Virdeel
  • Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Equipe ze schaffen

 

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS. 

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 17. September 2022 mat der Referenz
CS-PSY-01 
un d’E-mailadress: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Sie möchten uns helfen

MÖCHTEN SIE UNS BEI DER UMSETZUNG AMBITIONIERTER PROJEKTE UNERSTÜTZEN?

Erfahren Sie mehr
Don't have an account yet? Register Now!

Sign in to your account

Cookies erleichtern die Bereitstellung unserer Dienste. Mit der Nutzung unserer Dienste erklären Sie sich damit einverstanden, dass wir Cookies verwenden.